Beetebuerger GareAggressive Passagéier gouf vu Police gesicht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf zu Beetebuerg e Passagéier gemellt, deen d'Zuchpersonal vernannt a beleidegt huet. De Mann war der Police keen Onbekannten.

Wéi de Passagéier vun der Police iwwerpréift gouf, huet sech erausgestallt, dass en Haftbefeel géint hie virlouch. De Parquet huet dunn ordonéiert, dass de Mann misst an de Prisong kommen, falls hie seng Geldstrof net bezuele géif.

Nodeems de Mann en Deel vun där Strof bezuelt huet, konnt hien awer nees heemgoen.

Back to Top
CIM LOGO