De Beräich vum Rees-Organisateur LuxairTours hätt uganks dës Joers nach immens gutt Resultater gehat, ma zanter Februar wier hei d'Demande einfach ewechgebrach, esou den Direkter vum Luxair Grupp, Adrien Ney.
Adrien Ney: „Enn der Woch wäerte mir LuxairTours-Flich astellen. Mir sinn amgaangen, d'Leit ze rapatriéieren. Ägypten, Cap Vert, Marokko, Tunesien. Dat heescht, et ass am Fong déi Aktivitéit, déi am schnellsten zougaangen ass. A mir hu keen anere Choix. Mir hunn effektiv de Risiko, dass d'Leit an der Destinatioun 14 Deeg a Quarantän kommen. Dat kënne mer de Leit net undoen. Dofir si mir amgaangen, eise Business mol 14 Deeg anzestellen an da musse mer am Abrëll weider kucken."
Alles an allem wier een am Gaangen, eng 2.900 Clienten ze rapatriéieren. Am Marokko sinn den Ament nach 400 Lëtzebuerger. Déi ginn elo och mat Fligere vun der Luxair zeréckbruecht.
Fir en Deel vum Personal wëll d'Direktioun dann och nach dës Woch Kuerzaarbecht ufroen. Ma et gëtt och en Deel vum Grupp, dee sech erëm erkritt huet.
Eenzege Liichtbléck wier aktuell de Cargo-Beräich, esou den Direkter vum Luxair-Grupp, den Adrien Ney. Hei wier d'Demande eropgaangen, zanter dass déi Passagéierfligeren, déi bis ewell och Cargo mat transportéiert hunn, net méi fléien.
Adrien Ney:„De Cargo ass déi gutt Nouvelle. De Januar war fir de Cargo ganz schlecht. Mir hate Wochen, wou mer 20 Prozent manner Volummen hate wéi d'lescht Joer. A säit dem Mäerz ass de Cargo erëm um Niveau vum leschte Joer. Firwat? Dat ass ganz einfach: Déi ganz Passagéierfligere fir de Long Courrier, déi Cargo matgeholl hunn, déi fléien haut net méi. An déi ganz Volumme sinn op d'Cargo-Operateuren ëmgebucht ginn, sou dass mer do wierklech op den Niveau vun 2019 kommen."
Weider huet den Direkter erkläert, dass dëst wuel eng immens schwéier Kris wier, eng, wéi de Secteur se nach net gesinn hätt, ma et wier ee preparéiert.
Adrien Ney:„Déi Perte, déi mer maachen, déi ass substantiell fir de Mäerz an och fir den Abrëll. Mä mir sinn an enger Situatioun, wou mer dat kënnen duerchstoen."
D'Konsequenze vun der Kris fir de Secteur, wieren immens schwéier virauszegesinn, ma den Adrien Ney rechent awer domat, dass eng Rei Fluchgesellschaften oder Reesorganisateure vu méi grousse Konkurrente wäerte geschléckt ginn. Egal wéi dierft et an den nächste Wochen e gutt Stéck méi roueg am Himmel iwwert eis ginn.
Fir déi ronn 3.000 Luxair Mataarbechter vun der Luxair, huet déi aktuell Kris dann och ganz verschidde Konsequenzen. Am Fall wou d'Franséisch Autoritéiten déi nächst Deeg, d'Franséisch-Lëtzebuerger Grenz ganz zoumaache géifen, hätt d'Luxair net méi genuch Leit, fir d'Cargomaschinnen aus ze lueden. Op der anerer Säit wäert een net derlaanscht kommen, fir an anere Servicer Chômage Partiel unzefroen. Mataarbechter, déi ee sou gutt wéi méiglech probéiere géif, am Kontakt mam Client ze schützen. Sou gëtt et u Bord vun de Fliger, vun e Mëttwoch un kee Catering méi. Just nach Waasser.
Finanziell, hätt e Sputt, fir eng Zäit iwwer d'Ronnen ze kommen, sou den Adrien Ney.
