Neit Gebai fir d’NationalarchivenD’Geschicht vu Lëtzebuerg huet eng nei Adress

Dany Rasqué
Um Belval, vis-à-vis vun den Héichiewen, ass e Freideg dat neit Gebai vun den Nationalarchiven ageweit ginn. Et ass e Gebai, dat eng besonnesch laang Geschicht huet.
D'Nationalarchiv ass op de Belval geplënnert ginn.
D'Nationalarchiv ass op de Belval geplënnert ginn.
© RTL

2003 war schonn en internationalen Architekteconcours lancéiert ginn, an de Joren dono hat d’Regierung awer decidéiert, de Projet z’iwwerschaffen oder an e puer Etappen ze realiséieren an 2014 war decidéiert ginn, fir de Projet op méi spéit ze verréckelen. Schlussendlech war d’Gesetz mat enger budgetärer Enveloppe vu 77 Milliounen Euro dunn am Summer 2020 an der Chamber gestëmmt ginn.

Am Juni dëst Joer ass de Liessall opgaangen an e Freideg ass a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel de Bändchen duerchgeschnidde ginn.

Aweiung Nationalarchiven - Reportage Dany Rasqué

Op méi wéi 25.000 Meterkaree Bruttofläch ass elo gutt Plaz fir déi Milliounen Dokumenter, déi d’Entwécklung vum Grand-Duché iwwer Joerhonnerten dokumentéieren an an deem neie Gebai gëtt et iwwer 100 lafend Kilometer Archivëkapazitéit, an deene si sécher kënne konservéiert ginn.

Et ass en neit Kapitel, dat elo opgeschloe gouf, wéi de Kulturminister Eric Thill ënnerstrach huet.

"Fir d’Ekippe vum Nationalarchiv bedeit dat besser Aarbechtskonditiounen, fir d’Fuerschung an de Public bedeit dat e besseren Zougang zu eiser Geschicht a fir eist Land bedeit et eng gemeinsam Erënnerung laangfristeg kënnen ofzesécheren."

D’Bauteministesch Yuriko Backes huet dofir och vun engem Haus vun der kollektiver Erënnerung geschwat.

"An Zäite vu Fake News, vun Desinformatioun, ass et wierklech essentiel, eist dokumentarescht Ierwen ze schützen. Et ass wichteg, nei Raim ze schafen, fir a Rou doriwwer nozedenken. Domadder stäerke mir net nëmmen eis selwer, mä och eis Demokratie."

Eng 300 Camione si schonn an- an ausgeluede ginn. Ganz ofgeschloss ass d’Plënneraktioun awer nach net. Bei esou wichtegen Dokumenter geet et och mat einfache Plënnerkëschten net duer. D’Direktesch vun den Nationalarchiven, d’Josée Kirps.

"Zënter Méint pake mir, etikettéieren, pechen, badgen, zielen a kontrolléieren mir. Dag fir Dag Trap op, Trap of. Am Ganzen hu mir iwwer 150.000 Code Bare gepecht, all Dag dräi Camionen agelueden an nees ausgelueden. Zesumme mat de formidabele Plënnerekippen, déi bis elo am Ganzen 10.980 Kilometer tëschent der Stad an dem Belval gefuer sinn."

D’Josée Kirps seet, wann alles géif no Plang lafen, géif een am Dezember fäerdeg ginn an domadder geet fir si e lescht Kapitel an hirer Karriär op en Enn. Si geet nämlech an d’Pensioun. De 7. November iwwerhëlt offiziell hir Nofollgerin, d’Corinne Schroeder.

Wien d’Nationalarchivë wëll gewise kréien, dee kann dëse Weekend profitéieren. E Samschdeg an e Sonndeg de Mëtteg vun 13 Auer un ass Porte Ouverte.

Back to Top
CIM LOGO