MeteoLuxAlerte Jaune wéinst Donnerwieder en Donneschdeg bis 14 Auer

RTL Lëtzebuerg
Wéi MeteoLux matdeelt, kann et en Donneschdeg quasi iwwerall am Land zu Donnerwieder kommen.

Et rechent ee mat tëscht 20 a 40 Liter op de Quadratmeter, dat an enger Zäitperiod tëscht 6 an 12 Stonnen. Weider heescht et vu MeteoLux, datt den Niveau vun der Alerte jee no Wiederkonditioun en Donneschdeg nach kéint evaluéieren.

Änleches schreift och Kachelmann Wetter. Si warnen en Donneschdeg de Moie virun deels kräftege Schaueren. Am Laf vum Dag solle Wolleken um Himmel bleiwen, mat Reen ass awer op de meeschte Plazen net ze rechnen. Lokal wier mat klenge Schaueren an am Éislek och mat Donnerwieder ze rechnen, dat bei Temperaturen tëscht 22 an 27 Grad.

Op Nationalfeierdag selwer soll et Dréche bleiwen, mat vereenzelt klenge Wolleken um Himmel. Hei rechent ee mat Temperaturen ëm 26 Grad.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO