
Den nationale Wiederdéngscht huet eng Warnung fir e Mëttwoch erausginn, wéinst dem villen an deels intensive Reen, deen annoncéiert ass. Bis an den Owend era kéinte plazeweis bis zu 40 Liter op de Metercarré erofkommen.

An der Nuecht sinn dann och nees vereenzelt Schaueren an deels Donnerwieder z’erwaarden, vun en Donneschdeg de Moien u wäert de Reen sech awer lues a lues verzéien.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?