Policeasaz zu SchëfflengAlkoholiséierte Chauffer no Farerflucht vu Police gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Zu Schëffleng ass en Donneschdeg de Mëtteg eng Persoun no engem Accident fortgelaf.

Hien hat an der Rue Netgen op enger rouder Luucht versicht, e Stau ze ëmfueren an hat dobäi en anere Won getéitscht. Dono ass hie beim Garer Parking erausgeklommen a fort gelaf.

D'Beamte konnten de Mann pëtzen, hien hat gedronk, kee Führerschäin an d'Pabeiere vum Auto waren net an der Rei.

De Parquet gouf informéiert an den Auto saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO