CGDIS a PoliceAlkoholskontroll an aacht Blesséierter an Accidenter en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet et direkt op siwe verschiddene Plazen am Land geknuppt. Et gouf eng ganz Rei Blesséierter, dat virun allem am Beruffsverkéier.

Géint 17.15 Auer ass op der A4 a Richtung Leideleng eng Persoun blesséiert ginn, nodeems dräi Autoen net laanschtenee komm sinn. Ëm kuerz virun 18 Auer gouf et op der A4 a Richtung Lëtzebuerg een zweeten Accident, dës Kéier waren dräi Autoen am Coup an et goufen zwou Persoune blesséiert,

Op der A1 a Richtung Tréier ass eng weider Persoun tëscht dem Tunnel Cents an dem Irgäertche blesséiert ginn, dat géint 17.25 Auer. Well de Chauffer ze vill gedronk hat, huet si säi Permis missten ofginn.

Weider Accidenter mat jee engem Blesséierte gouf et zu Fréiseng, am Rond-Point Gluck an zu Jonglënster.

D’Police mellt iwwerdeems eng Alkoholkontroll tëscht 20 an 23 Auer Biwer op der N14 an zu Waasserbëlleg op der N10. Vun den 186 Automobilisten déi kontrolléiert goufen, goufen zwee Chauffere protokolléiert. Ee Weidere Chauffer hat esou déif an d’Glas gekuckt, datt hien direkt misst säi Fürerschäin ofginn.

An der Rue de Luxembourg zu Leideleng a Richtung Rond-point gouf géint 21 Auer eng Fra blesséiert, nodeems si mat hirem Won géint ee geparkten Auto geknuppt ass. Duerch den Impakt huet sech hiren Auto ëm déi eegen Achs gedréint an d’Airbags goufen ausgeléist. Op der Plaz gouf déi liicht blesséiert Fra vu Secouriste versuergt, ier si fir weider Traitementer an d’Klinick koum. Well och si virum Accident ze gedronk hat, krut si hire Fürerschäin ofgeholl an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO