
D’Quartiere Gare a Bouneweeg oder nach Hollerech sinn dovunner am meeschte betraff. Dat geet aus dem soziale Monitoring ervir, deen d’Stad Lëtzebuerg an Optrag ginn hat an am Abrëll vum LISER kritt huet.
Déi Stater Lénk kritiséieren, dass dës Etüd net séier genuch publizéiert gi wier. Wourop de Sozialschäffe Maurice Bauer an d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer äntweren, dass déi Etüd an den normale Prozedure gewiescht wier. Den Ament géing d’Etüd nach an der Sozialcommissioun diskutéiert ginn. Op Nofro hin hätt een de sozialen Observatoire dann awer verëffentlecht.
Den Stater Sozialschäffen Maurice Bauer gëtt ze bedenken, dass de Rapport an der zoustänneger Kommissioun nach géing diskutéiert ginn. Zum Beispill misst ee beuechten, dass am Rapport ervirgeet, dass vun enger ganzer Rei Salariéen, ëm 40.000, wéinst dem Dateschutz keng Donnéeën ervirginn. Doriwwer eraus betount den CSV-Politiker, dass just 16,7 Prozent vun alle Leit, déi hei am Land de REVIS kréien, an der Stad Lëtzebuerg wunnen, trotz der méi héijer Unzuel un Awunner.
Wat den Inhalt ugeet, esou interpretéieren Déi Lénk e “flagrante Manktem u Sozialwunnengen” an der Stad Lëtzebuerg, virun allem um Locatiounsmarché. Aktuell sinn eng 2 bis 3 Prozent vun de Locatiounswunnengen als abordabel agestuuft. Fir Déi Lénk sollten dat der op mannst 10 Prozent sinn. Doriwwer eraus sollt net op d’Proprietéit gesat ginn, wéi zum Beispill beim Bail Emphythéotique, mee éischter op d’Locatioun, fir och deene Leit, mat den niddregste Salairen ze hëllefen. Dat hätt de Schäfferot och wëlles, esou d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer op Nofro: “Déi Wunnengen, déi mir elo bauen, déi gi just nach als Sozialwunnenge vermiet”. Wärend ee soss mam Bail Emphythéotique abordabel Wunnengen zum Verkaf ugebueden hätt, géing een elo am Neibau just nach op d’Locatioun goen.
Wat déi verschidde PAPen ugeet, déi zwar scho gestëmmt sinn, wou awer nach net ugefaange gouf mat bauen, do wéisst ee selwer, dass dat problematesch ass. Ma d’Prozedure wieren awer nu mol laangwiereg. Déi Lénk haten op hirer Pressekonferenz den PAP Arquebusiers ernimmt, dee schonn 2015 gestëmmt gouf. Ma do hätt virun allem den Remembrement, also d’Nei-Verdeelung vun Terrainen, besonnesch laang gedauert, well verschidde Proprietären net zefridde gewiescht wieren. Aktuell wier een bei der Convention de Mis-en-Oeuvre. D’Buergermeeschtesch bedauert, dass dëse Projet esou laang gebraucht huet, ma d’nächst Joer wéilt een, wann alles riicht leeft, mam Chantier ufänken.