Luc Frieden zu Bréiwer vu SyndikaterAll "manéierlech" formuléierte Bréif kréich eng Äntwert

RTL Lëtzebuerg
"All Bréif, dee manéierlech formuléiert ass, kritt och eng héiflech Äntwert vun der Regierung", dat huet de Premier en Dënschdeg an der Froestonn betount.
© Chambre des députés / Flickr

An der Froestonn en Dënschdeg de Mëtteg wollt d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding wëssen, wisou bis elo keng Äntwert vun der Regierung koum op déi zwee Bréiwer vun LCGB an OGBL iwwer d’Suergen ëm d’Aarbechts- a Gesondheetspolitik vun der Regierung.

Selbstverständlech hätt hien déi Bréiwer krut, gelies a studéiert, mee se wieren ënnerschiddlecher Natur, sou de Premier. De Bréif un den Aarbechtsminister hätt hien net beäntwert, well e sech un der Form dovu stéiert an net déi richteg Wierder géif fannen. Wat den zweete Bréif betrëfft, wier et eppes ganz aneres, well et ëm den Inhalt vun der Politik geet. An do géif och selbstverständlech an den nächsten Deeg eng Äntwert kommen, sou nach de Luc Frieden.

RTL-News (10.11.25): Weidere Bréif un de Premier: D’Regierung attackéiert d’Fundamenter vum Gesondheetssystem, sou OGBL an LCGB
RTL-News (7.11.25): Georges Mischo reagéiert op Gewerkschaften: De Bréif wier “perséinlech” an “ënnert dem Rimm”, ma hie wier net nodroend
RTL-News (6.11.25): Bréif vun LCGB an OGBL u Premier Luc Frieden: Den Aarbechtsminister Georges Mischo wier falsch op senger Plaz

Back to Top
CIM LOGO