Nom Aarbechtsminister Georges Mischo hëlt d'Gewerkschaftsfront elo d'Santés- a Sozialministesch Martine Deprez an d'Viséier.

D'Regierung attackéiert d'Fundamenter vum Gesondheetssystem / Rep. Pit Everling

Den LCGB an den OGBL hunn e Méindeg e weidere Protestbréif un de Premier Luc Frieden geschriwwen. Déi perséinlech Attacke bleiwen zwar am neie Pabeier – deen RTL virläit – aus. D'Regierung kritt awer reprochéiert, datt se amgaange wier de Gesondheetssystem ze bradéieren, ze kommerzialiséieren an ze privatiséieren.

Ambulant Medezin soll net privatiséiert ginn

D'Basis vun eisem Gesondheetssystem wieren d'Solidaritéit, den universellen Accès zur Medezin, de fräie Choix vum Patient oder nach den obligatoresche Conventionnement, schreiwen OGBL an LCGB. Et wier elementar, datt déi ambulant Versuergung weiderhi vu Spideeler geréiert gëtt an et misst garantéiert ginn, datt keng privat Investisseuren dës ambulant Medezin géinge kommerzialiséieren, sou d'Syndikater.

Leider géingen déi Schwaarz-Blo Koalitioun an d'Gesondheetsministesch keen ee Beweis liwweren, datt si dës Grondprinzippie wéilte respektéieren – dat wier eng frontal Attack op d‘Fundament vum System. D'Regierung wéilt deen demanteléieren andeems ambulant Zerwisser total liberaliséiert solle ginn an zwar sou séier wéi méiglech, fannen OGBL an LCGB.

D'Associatioun vun de Medezinner AMMD wéilt mat der Kënnegung vun den CNS-Konventiounen den automateschen an obligatoresche Conventionnement ofschafen.

An der Plaz soll e selektive System geschaaft ginn, an deem déi Räich héichwäerteg Prestatioune kréien an déi grouss Majoritéit sech mat mëttelméissegen Zerwisser a laange Waardezäite mussen offannen, sou d'Gewerkschaftsfront.

D'AMMD géing gutt bei d'Regierung passen, well se grad wéi dës de Sozialmodell géing attackéieren, schreiwen d'Gewerkschaftspresidenten Nora Back a Patrick Dury.

D'CSV-Gesondheetsministesch géing zu allen oppene Froen Äntwerte schëlleg bleiwen. D'Gewerkschafte wëllen ënner anerem wëssen, ob d'Regierung de Prinzip vum automatesche Conventionnement bäibehale wëll, wéi et ëm d'Tariffer a Remboursementer am 'Milieu extra-hospitalier' steet a wat de Statut vun de Medezinner ass, déi an deene Strukture praktizéiere wäerten.

Sollt keng Äntwert kommen, da wéisst ee wou d'Regierung géing stoen, sou d'Gewerkschaftsfront, déi sech d'Optioun opléisst, sech mat alle Mëttelen ze wieren, déi zur Dispositioun stinn.

D'CNS hätt hir Kompetenzen iwwerschratt

En anere Sujet am Bréif ass d'Finanzéierung vun der Krankeversécherung. Do beschwéieren d'Syndikater sech iwwer e "cavalier seul" vun der Direktioun vun der Gesondheetskeess, wat de proposéierte Mesurëkatalog ugeet.

D'CNS hätt hir Kompetenzen iwwerschratt, well se géing maache wéi wa se d'Assurance maladie-maternité eleng géing geréieren, woubäi de Verwaltungsrot als Tripartite opgestallt ass, mat Vertrieder vu Salariat, Patronat a Staat. Méi schlëmm nach wier, datt e Member vun der CNS-Direktioun an engem rezente Koordinatiouns-Comité verlaangt hätt, datt all d'Partien iwwer e Spuerpak vun iwwer 100 Milliounen Euro bis 2026 missten decidéieren.

Un d'Ministesch Deprez ass et hei de gewerkschaftlechen Appell, déi Responsabel vun der CNS hei zeréck ze päifen.
 
De Bréif ass op den 10. November datéiert an ass vun de Gewerkschaftspresidenten Nora Back a Patrick Dury ënnerschriwwen. Nieft dem Premier Luc Frieden kruten de liberale Vize-Premier Xavier Bettel an d'Ministesch Martine Deprez eng Copie vun deem Dokument.