Schüler goufen evakuéiertZwee Feieralarmen am Atert-Lycée, déi warscheinlech absichtlech ausgeléist goufen

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë ware séier zu Réiden op der Plaz an et bestoung keng Gefor fir Schüler a Personal, esou den Direkter Jeff Kohnen.
© RTL Mobile Reporter

Kuerz virun 13:30 Auer krute mer gemellt, dass et am Atert-Lycée zu Réiden e Feieralarm géif ginn. Op Nofro am Lycée krute mer dëst bestätegt. An enger éischter Phas konnt een eis keng Detailer nennen. D'Schüler goufe gebieden, d'Gebai ze verloossen an d'Pompjeeë sinn op d'Plaz geruff ginn.

Kuerz duerno gouf et en zweete Feieralarm.

Direkter reagéiert - Eng Enquête gëtt gemaach

Dat huet och den Direkter vum Atert-Lycée Jeff Kohnen schrëftlech bestätegt. Weider war et d'Prezisioun, dass et aktuell duerno géif ausgesinn, dass den Alarm zwee mol absichtlech ausgeléist gouf. Et hätt zu kengem Ament eng Gefor fir d'Schüler an d'Personal bestanen an d'Evakuatiounsprozedur gouf wéi virgesinn duerchgefouert.

"D'Direktioun wäert enquêtéieren, fir déi Responsabel ze identifizéieren an dann déi néideg weider Schrëtt ënnerhuelen. Et ass wichteg, drop hinzeweisen, datt en absichtlecht an onnéidegt Ausléise vun engem Feieralarm strofbar ass", esou de Jeff Kohnen weider.

Back to Top
CIM LOGO