Grouss ugeluechten DrogekontrollAm Garer Quartier sinn dräi presuméiert Dealere festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war am Nomëtteg ronderëm d'Stater Gare eng grouss ugeluechte Kontroll mat Fokus op d'Drogen- an Immigratiounsgesetzer.
Presuméiert Drogendealere konnte festgeholl ginn
Presuméiert Drogendealere konnte festgeholl ginn
© Police Lëtzebuerg

Géint 13.45 Auer hunn d’Beamten am Beräich vun der Place de la Gare zwee verdächteg Männer bei engem presuméierten Drogendeal observéiert. Bei der Kontroll vun de Persoune goufen effektiv Drogen, an och en Handy séchergestallt. Am Kader vun de weideren Ënnersichunge konnt e weidere presuméierte Kompliz ermëttelt ginn, dee eng Rei Titercher mat Droge bei sech hat. Déi zwee Dealere sinn duerno op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.

Wéineg méi spéit konnt an der Rue Joseph Junck e weideren Deal observéiert ginn. Wéi d’Beamten dem presuméierten Drogeverkeefer méi no koumen, wollt dëse fortlafen, konnt awer séier gestallt ginn. No enger Kontroll konnte Boergeld an zwee Handye séchergestallt ginn. Well de Verdacht bestoung, dass de Mann Drogen ofgeschléckt hat, gouf hien enger Kontroll am Scanner ënnerzunn, déi eng Rei Friemkierper a sengem Bauch erginn huet. Och hien ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.

Abréch an Autoen

Donieft ass en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg op engem Parking an der Escher Strooss an der Stad an en Auto agebrach ginn. Éischten Informatiounen no ass eng Fënster ageschloe ginn, fir ënnert anerem Bankkaarten ze klauen.

En Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer ass um Boulevard Raiffeisen zu Gaasperech an e weidert Gefier agebrach ginn. Hei sinn zwee Laptoppen, e Smartphone a Parfum matgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO