ZeienopruffAm Mëllerdall gouf eng Rulott geklaut

RTL Lëtzebuerg
Op engem Camping an der Rue des Moulins gouf den 21. Juni eng Rulott matgoe gelooss. Informatioune si fir d'Police Iechternach.
© Police

Tëscht 8 Auer moies an 12.57 Auer mëttes ass den Déifstall am Mëllerdall geschitt. Geklaut gouf eng gro Rulott vum Typ Averso vun der Mark Bürstner.

Wéi d’Police schreift, sollen éischten Informatiounen no een oder e puer Täter eng hëlze Clôture an Ofspärung op d’Säit geraumt an eng Barrière opgemaach hunn.

Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police Iechternach via Telefon (+352) 244 72 1000 oder per E-Mail (police.echternach@police.etat.lu) mellen.

© Police

Back to Top
CIM LOGO