Zweeten Dag vu Staatsvisitt vum finnesche President Alexander StubbAm Mëttelpunkt stounge Geopolitik, kënschtlech Intelligenz an Innovatioun

Jeannot Ries
"D'Weltuerdnung changéiert an net onbedéngt an déi gutt Richtung", sou de finnesche President viru Studenten op der Uni Lëtzebuerg.

Den Alexander Stubb huet drun erënnert, datt et den Ament ronn 65 Konflikter op der Welt gëtt. Esou vill wéi nach ni zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich.

An den Ae vum Alexander Stubb ginn et zwee Facteuren, déi eis den Ament dreiwen: déi technologesch Revolutioun, déi mir erliewen, Stéchwuert kënschtlech Intelligenz an d'Geopolitik, wou sech Wirtschaft a Politik vermëschen.

"Et gëtt déi, deenen hir Wäerter op enger Groussmuechtpolitik baséieren - déi also gleewen, datt eng multipolar Welt mat Ad-hoc-Koalitiounen, Transaktiounen an Deals besser ass wéi eng multilateral Welt mat Institutiounen, Reegelen an Normen. A genee dat ass d'Spannungsfeld, dat mir observéieren."

Finnland a Lëtzebuerg géifen zu deene Staate gehéieren, déi de Multilateralismus héichhalen. Iwwerdeems anerer, déi hien elo net nenne géif, international Institutioune mat Féiss trëppelen. An enger Welt, an där Konkurrenz groussgeschriwwe géif. Wou den Ament vill op Konflikt gesat géif.

Kënschtlech Intelligenz agrenzen

Wat den Ëmgang mat der kënschtlecher Intelligenz ubelaangt, sou géif d'KI villes op de Kapp stellen. Wéi mir liewen. Wéi mir léieren a schaffen. Wéi Kricher gefouert ginn. Fir d'Evolutioun vun der kënschtlecher Intelligenz ze bremsen, wier et ze spéit. Ma d'Mënsche misste se agrenzen.

"Fir mech ass d'KI vu sou enger grousser Bedeitung - si ass wéi eng Atomwaff oder e biologesche Virus. Et gläicht engem Wettrennen. A wann dat de Fall ass, da musse mir fäeg sinn, Reegelen a Kontrollmechanismen opzestellen, datt d'Entwécklung net ausser Kontroll geréit."

Vum groussen Auditoire vun der Maison du Savoir goung et zu Fouss eriwwer an de Learning Centre vun der Uni. E puer Honnert Meter, op deenen den héije Gaascht sech Zäit geholl huet, fir spontan mat finnesche Studente vun der Europaschoul ze poteren. Ier de finnesche President sech Fuerschungsprojeten an de Beräicher Gesondheet, kënschtlech Intelligenz a Quantentechnik ugekuckt huet.

"Dat hei ass eise Satellit, deen 2028 an d'Ëmlafbunn bruecht gëtt. Iwwer dëse gëllene Reng wäert de Satellit mat der Rakéit verbonne sinn. An hei gesitt der den Aarm, iwwer deen d'Laserkommunikatioun mat der Äerd leeft", sou d'Erklärung vun enger Mataarbechterin vum Satellittebedreiwer SES.

Vun der Theorie eriwwer bei d'Praxis

Ofgeschloss gouf dës Staatsvisitt mam Besuch vun der SES, engem vun den Aushängeschëlder vum Know-how Made in Luxembourg. Grad an deem Domaine wëlle Finnland a Lëtzebuerg méi enk zesummeschaffen. Houfreg huet de CEO vun der SES, Adel Al Saleh, déi verschidde Projete presentéiert. Dorënner de Projet "méo Sphere", 18 Satellitten, déi 2030 operationell solle ginn a mat deenen zum Beispill viru Missille gewarnt ka ginn, respektiv den Trajectoire vu Missille verfollegt ka ginn. Abléck krut de finnesche President Alexander Stubb och an den impressionante Kontrollzenter, vun deem aus 100 Satellitte gesteiert a kontrolléiert ginn.

Thema op der Ofschlosspressekonferenz war och d'Affär Fridman

Zum russeschen Oligarch, deen op Demande vu Lëtzebuerg vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach gouf, gouf et Réckendeckung vum finnesche President Alexander Stubb:

"Ginn ech dovun aus, datt den Drock oprecht erhale gouf? Ginn ech dovun aus, datt Russland e spiert? Jo! Ginn ech dovun aus, datt dat en Zeeche vu Krichsmiddegkeet ass? Absolut net! Et ass e Spill vu 'Ginn an Huelen'. Et gëtt Momenter, wou een am Interessi vum eegene Land handele muss."

Dat wier verständlech an akzeptabel, sou de finnesche President weider.

"Éierlech gesot: Et ass iwwerdriwwen, aus dem Sträiche vun zwou Persoune vun der Lëscht direkt op eng Zort Krichsmiddegkeet ze schléissen. Nee, ech mengen, mir huelen eigentlech éischter nach un Tempo zou."

De Premier Luc Frieden huet ënner anerem ënnerstrach, datt Lëtzebuerg d'Verlängerung vun dëser Sanktiounslëscht staark ënnerstëtzt huet.

"Wéi de President gesot huet: Op där Lëscht stinn 3.000 Persounen. D'Lëscht gouf duerch eng gemeinsam Entscheedung vun alle Memberstaate verlängert; et gouf also kee Veto vu Lëtzebuerg. Natierlech gouf et eng Diskussioun - esou eng Diskussioun fënnt jo ëmmer all sechs Méint statt. Elo hu mir d'Lëscht fir dräi Joer verlängert, wat se vill méi staark mécht. Iwwregens huet den EU-Rot virun e puer Deeg nach weider Persounen - ech mengen, ongeféier zéng - dobäigesat."

Dat géif weisen, datt Europa bereet ass, weiderhi Sanktioune géint Russland ze verhänken, sou de Luc Frieden.

Back to Top
CIM LOGO