Wäit Distanzen, wéineg Leit, al KasärenAm Norden steet de CGDIS viru villen Erausfuerderungen

Marc Hoscheid
De 25. Januar gouf op der Schmëtt eng Fra ugestouss an déidlech blesséiert. D'Rettungsdéngschter goufen allerdéngs fir d'éischt an d'Pommerlach geschéckt.
Am Norden huet de CGDIS genuch Erausfuerderungen
De 25. Januar gouf op der Schmëtt eng Fra ugestouss an déidlech blesséiert. D’Rettungsdéngschter goufen allerdéngs fir d’éischt an d’Pommerlach geschéckt.

Vun do aus hu si 27 Minutte gebraucht, bis si op der Plaz vum Accident waren. Wéi et zu deem Incident komme konnt, gëtt aktuell beim CGDIS analyséiert. Ma och onofhängeg vun esou Feeler ass et wéinst deene groussen Distanzen am Norde vum Land net ëmmer einfach, fir d’Rettungsdéngschter mat Zäiten op der Plaz ze sinn. Weider Erausfuerderunge sinn den Zoustand vu verschiddene Kasären an d’Attraktivitéit fir Beruffspompjeeën.

Ugefaangen zu Wolz. Wat d’Kasär ugeet, hu se hei kee Problem, d’Raimlechkeete sinn nämlech grad emol 12 Joer al. Bei der Aweiung am Joer 2013 gouf et nach kee CGDIS. 2018 gouf dat Lëtzebuerger Rettungswiesen dunn nei organiséiert. Vun deene véier Zonen ass den Norde flächeméisseg kloer déi gréissten, ma hei lieft awer just gutt ee Fënneftel vun der Populatioun. Am Plan national de secours ass virgesinn, datt d’Rettungsdéngschter néierens am Land méi wéi 15 Minutte brauchen, bis se op der Plaz vum Accident sinn. Am Norde läit een zwar liicht iwwert der nationaler Moyenne, mä nach ëmmer ënner 14 Minutten. Trotzdeem kënnt et och zu Retarden.

Den Alain Weisgerber, Chef de Zone Norden, iwwer d’Asätz vun den Ambulanzen (RWT):

“Dann ass et allerdéngs sou, datt dono den Asaz jo nach net ofgeschloss ass, mä den RTW muss op Ettelbréck an d’Déngschtspidol fueren, bei Kanner esouguer bis an de CHL. Also ass den RTW nach bis eng Stonn dono besat an dann hu mer do, wou deen hierkënnt, ee Lach an dat musse mer dann duerch Noperen ofdecken, déi dann natierlech bei engem Folgeasaz méi laang brauchen, bis se op der Plaz sinn. An da riskéiere mer definitiv, déi 15 Minutten net ze garantéieren.”

Déi dräi Ambulanze vun der Wëlzer Kasär waren e Méindeg de Moien iwwregens alleguerten am Asaz. Hei wieren dann d’Kolleegen aus der Nordstad am Noutfall agesprongen. U Personal géing et op alle Fall net feelen. Méi wäit uewen am Norden ass nieft den Distanze virun allem den Zoustand vun de Kasären een Defi. Zu Ëlwen steet zum Beispill zanter véier Joer ee gudden Deel vum Ekipement an engem Zelt. Un enger neier Kasär gëtt geplangt. Genee wéi zu Clierf. Dat aktuellt Gebai huet ronn 35 Joer um Bockel. Beim Rond-point zu Maarnech wäert een neien Zenter gebaut ginn, an dat wier och net vu Muttwëll.

De Sven Arend, Zenterchef vu Cliärref:

“Dat Néidegt ass ëmmer gemaach ginn, an awer platze mer aus allen Néit an nei Infrastrukture si scho sënnvoll. An och déi geografesch Positioun, fir op Maarnech ze goen, ass asaztaktesch méi sënnvoll, wéi hei zu Clierf am Dall ze sinn.”

Och mat Bléck op Sécherheet a Confort ass d’Kasär net méi op der Héicht vun der Zäit. 85 Fräiwëlleg an 11 professionell Pompjeeë sinn zu Clierf aktiv. Well bei den Noperen zu Ëlwen an Housen keng professionell Pompjeeë stationéiert sinn, wieren dës Kasären net ëmmer besat an et misst een asprangen. Ma och Clierf stéing net ganz uewen um Wonschziedel vu jonke Beruffspompjeeën.

“Well mer natierlech méi ländlech sinn, doduerch manner Asätz hunn a vill méi laang Faartdistanzen hunn, wéi an aneren Zentren. Dat ass och normal, an enger Stad Lëtzebuerg, an engem méi urbane Raum wéi vläicht am Süde sinn aner Asätz an aner Asätz-Zuele wéi am Éislek.”

Réischt no enger Partie Jore géing et d’Leit méi an de ländleche Raum zéien. Hei wier d’Aarbecht net méi liicht, mee anescht. Bei laange Krankentransporter wier et zum Beispill wichteg, mat de Patienten ze kommunizéieren, fir hinnen d’Angscht ze huelen. Langweileg gëtt et de Sekuristen am héijen Norden op alle Fall net.

Fra stierft no Accident zu Huldang: CGDIS op déi falsch Plaz gefuer an no 27 Minutten ukomm

Back to Top
CIM LOGO