Top SecretAm SimUL klinesch Situatiounen ënner realistesche Bedéngungen üben

Dan Wiroth
Am Top Secret hu mir eis de SimUL vun der Uni.lu ugekuckt. Hei übe Studenten a Professioneller aus dem Gesondheetssecteur klinesch Situatiounen ënner realistesche Konditiounen.
Top Secret: Am SimUL klinesch Situatiounen ënner realistesche Bedéngungen üben
Am SimUL léiere d'Studenten d'Basis vun de Gesondheetsberuffer.

SimUL steet fir "Simulation-based healthcare education" an ass d'Gesondheets‑Simulatiounsunitéit vun der Universitéit vu Lëtzebuerg. Kuerz gesot: et ass eng modern Formatiouns‑ an Trainingsplattform, wou Studente a Professioneller aus dem Gesondheetssecteur klinesch Situatiounen ënner realistesche Bedéngungen üben, ouni e richtege Patient a Gefor ze bréngen.

Mannequin amplaz vum Patient

Studente kënnen deemno op dëser Unitéit d'Basis léiere vun de Gesondheetsberuffer: Blessure bitzen, Bluttdrock moossen, Injektioune setzen, Scanner, Endoskopien oder Ultraschall ausféieren. Wat do awer genee passéiert, dat gëtt am "Pisa - De Wëssensmagazin" developpéiert. D'Simulatioun ass haaptsächlech fir Medezin-, Infirmier- an Hiewanne-Studenten geduecht, soss däerf keen hei hinner. Den Top Secret ass eng Visitt vun de Raimlechkeete vun der SimUL.

De SimUL am Pisa - De Wëssensmagazin

Detailer iwwer d'Ausbildung am SimUL an eng Formatioun, bei där d'Studenten engem Patient mussen d’Liewe retten, ginn et am nächste Pisa. Dee kënnt neierdéngs ëmmer méindes um 19 Auer op RTL Télé oder schonn elo direkt op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO