
En Donneschdeg den Owend géint 20.20 Auer goufen d'Pompjeeën op en Asaz op den CR348 tëscht Buerschent a Bierden geruff. E Paraglider war hei an engem Bam hänke bliwwen an huet musse befreit ginn.
Nieft de Pompjeeë vu Buerschent an aus der Nordstad, war och de GRIMP op d'Plaz geruff ginn (Groupe de reconnaissance et d'intervention en milieu périlleux). D'Rettungsaktioun war am Bësch a Richtung Méchela.
Wéi de CGDIS schreift, gouf bei deem Accident kee verwonnt.
Zu Äischen an der Rue de Clairefontaine sinn en Donneschdeg géint 19:15 Auer zwee Vëloen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
An der Rue de Trèves an der Stad ass en Donneschdeg den Owend géint 21.20 en Auto op der Kopp gelant. Hei huet och de Samu mussen an den Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert.
An der Nuecht op e Freideg, géint 2.20 Auer, ass an der Rue Aessen zu Zolwer en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Zu Esch an der Uelzechtstrooss hat et nach an enger Kiche gebrannt, grad ewéi an der Groussgaass an der Stad an engem Buttek. Hei blouf et awer allkéiers beim Materialschued.