Ongewéinleche Virfall um KierchbiergAm Supermarché giess, net bezuelt an dono d'Beamte gebass

RTL Lëtzebuerg
Vill ze dinn haten d'Beamte mat 2 Männer, déi an engem Supermarché geklaut a giess hunn, sech dono awer géint d'Police massiv gewiert hunn.

An engem grousse Supermarché an der Rue Alphone Weicker um Kierchbierg, koum et e Samschdeg den Owend zu engem e bëssi méi ongewéinlechen Déifstall.

Zwee Männer hunn hei net nëmme Saache matgoe gelooss, ma hunn och am Geschäft selwer ënnerschiddlech Iesswuere giess, ier se dunn, ouni ze bezuelen, laanscht d’Keess gaange sinn.

Béid Männer, déi net wierklech kooperativ waren, goufe vum Sécherheetspersonal ugehalen, kuerz drop gouf d’Police geruff. Bei der Kontroll huet sech dunn erausgestallt, dass d’Persoune sech net ausweise konnten an e vu béide Männer eng verbuede Waff bei sech hat.

Déi 2 Männer goufen op de Büro matgeholl, wou d’Situatioun dann ëmmer méi un Dramatik kritt huet. Hei huet dunn ee vun de Männer gedreet, sech selwer Schued unzedoen, dat direkt versicht gouf, ze verhënneren. De Mann huet sech awer beim Versuch him Handschellen unzedoen gewiert an huet ugefaangen, d’Beamten ze bäissen an ze blesséieren.

Dono huet de Mann dunn ugefaange si ze späizen an ze beleidegen, bis et de Beamten du gelongen ass, hien an eng Zell ze bréngen. De Parquet gouf informéiert an huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. Hie koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO