Dat nationaalt Statistikamt huet virun engem décke Mount Leit ugeschriwwen, fir bei enger Ëmfro iwwert eng Covid-Tracing-App matzemaachen. Als Zeeche vun hirer Wäertschätzung, wéi et geheescht huet, géif een e Bong vu 5 Euro bei Amazon kréien.
An Zäiten, wou besonnesch de lokale Commerce nom Confinement op Ënnerstëtzung ugewisen ass, en éischter ongléckleche Choix fir eng Verwaltung, déi dem Wirtschaftsministère ënnersteet.
Dat fënnt och den Nico Hirsch, deen den 13. Juli via eng E-Mail a 4 Sproochen invitéiert gouf, bei dëser Ëmfro matzemaachen.
"D'autant plus, wou mer an där ganzer Confinementsgeschicht ganz vill Geschäfter, sief et an der Restauratioun, sief et am klenge Commerce oder och an de Grandes-surfacen haten, déi enorm Aboussen haten. An duerfir war ech hei ganz erstaunt, wann dann op nationalem Plang vun enger Verwaltung, respektiv quasi vun engem Ministère aus esou eng Initiativ ausgeet, fir dann do Bonge bei internationalen Online-Agencen ze verdeelen."
Den Nico Hirsch war net deen Eenzegen, deem de Kaddo sauer opgestouss ass. De 15. Juli, also zwee Deeg drop, léisst de Statec präziséieren, et géif een de Participanten e Bong vu 5 Euro bei der nationaler Plattform letzshop.lu offréieren. Am RTL-Interview entschëllegt sech den Direkter vum Statec Serge Allegrezza e Mëttwoch fir dat, wat geschitt ass. De Responsabele vun der Enquête hätt am Ufank net gewosst, datt et och Letzshop-Bonge gëtt.
"An huet dunn zeréckgegraff op eppes, wat méi bekannt ass, wat déi Firma ass, déi der genannt hutt, déi och ganz respektabel ass. Nämlech Amazon. Dovunner wousste mer zu deem Zäitpunkt näischt. Du sinn op Facebook eng Rei Kommentaren erschéngen. Relativ schnell. Ech hu perséinlech ganz schnell reagéiert op Facebook an ech hu gesot, dat wier regrettabel a mir géifen dat direkt redresséieren. An dat ass du gemaach ginn den Dag drop."
D'Gaffe gouf also séier revidéiert. Esou séier, datt de Wirtschaftsministère a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler kee Wuert iwwert de Mëssel verléiert, ma just schreift, datt d'Participante vun der zweeter Vague vun der Enquête e Kaddo bei der nationaler Commerceplattform kréien. Den André Bauler seet sech doriwwer dach bass erstaunt.
"Well ech geduecht hunn, dat kann dach net sinn, du hues dech dach net geiert. Du hues och do eng Trace zur Verfügung gestallt kritt. Hei kéint eemol mengen, ech hätt eppes gesot, wat net richteg ass oder ech hätt eppes gefrot, wat bal op eng Ënnerstellung géif erauskommen. Ass et jo awer net."
Dem Nico Hirsch säi Fazit fält méi ferm aus: "Do muss ee sech d'Fro stellen wéi éierlech heiansdo déi politesch Weeër sinn."
E Bong krut de Concernéierten iwwregens bis haut net. Weder vun där enger, nach vun där anerer Plattform. Éischt Resultater vun der Enquête, déi vum Fonds national de Recherche finanzéiert gëtt, wéi d'Residenten hei am Land vis-a-vis vun enger Tracing-App agestallt sinn, sollen Enn des Joers verëffentlecht ginn.
De Statec gëtt de Persounen, déi bei Ëmfroe matmaachen, reegelméisseg kleng Bonbonen, meeschtens kleng Geldbeträg, fir e representatiivt Resultat ze kréien.
Léif Madame/ Léiwen Här,
Mir wëllen Iech invitéieren fir bei enger Ëmfro matzemaachen iwwer eng Covid-19 Tracing App, déi hëllefe kann d’Verbreedung vun des Coronavirus ze bremsen. Mir schreiwen Iech, well Dir un der EU-SILC 2019 deelgeholl hutt an Är Erlaabnis ginn hutt, fir fir weider Studien kontaktéiert ze ginn. Dëse Projet gëtt ënnerstëtzt vum Fonds National de la Recherche (FNR-14844092).
LINK FIR DEN QUESTIONNAIRE, HEI KLICKEN
D’Ëmfro dauert ongeféier 10 Minutten. Är Participatioun ass fräiwëlleg an et gëtt keen Hannergrondwësse gebraucht. Als Zeeche vun eiser Wäertschätzung kritt Dir e 5€ Amazon E-Bong fir Äert Deelhuelen. Är Äntwerten sinn vertraulech a si ginn voll anonymiséiert fir den Zweck vun der Fuerschung.
Klickt wgl. op de Link hei ënnendrënner fir méi Informatiounen iwwer de Schutz vun Äre perséinlechen Date gewuer ze ginn.
Wann Dir Bedenken iwwer iergendeen Aspekt vun dëser Studie hutt, kontaktéiert wgl. enquete.app@statec.etat.lu.
Merci am Viraus fir Är Participatioun.
Bescht Gréiss,
STATEC Research
Nationaalt Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudie vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Centre Administratif Pierre Werner (CAPW)
13, rue Erasme L-1468 Luxembourg www.statec.lu
Postadress: B.P. 304 L-2013 Luxembourg
Wann Dir Iech ofzemmellen fir weider E-Maile ze Kréien, klickt hei
