Fir d’Online-Commerce-Plattform schaffen hei am Land ronn 4.500 Leit. En Dënschdeg war eng Reunioun tëschent Vertrieder vun der Amazon-Direktioun an der Personaldelegatioun. RTL-Informatiounen no steet e Chiffer am Raum an zwar kéinte bis zu 470 Plazen zu Lëtzebuerg ofgebaut ginn. Eng Zuel, déi Amazon Lëtzebuerg op Nofro hin awer net confirméiert. D’Firma nennt och keen anere Chiffer. Dofir wier et ze fréi.
D’Negociatioune fir e Sozialplang wieren nach net amgaangen an do géinge réischt Pisten an Optiounen diskutéiert ginn, heescht et vun Amazon.
D‘Gewerkschaft OGBL kann am Moment och net bestätegen, datt 470 Plazen zu Lëtzebuerg sollen ofgebaut ginn.
Et géing een drop waarden, datt d’Direktioun vun Amazon eng offiziell Zuel nennt. Sollten déi 470 Plaze sech awer confirméieren, da wier dat fir Lëtzebuerger Verhältnisser en Tsunami, sou d’Isabelle Scott vum OGBL am RTL-Interview. Licenciementer an där Envergure hätt ee laang net gesinn, sollt et da sou wäit kommen, sou d’Secrétaire centrale adjointe vum “Syndicat Services et Énergie”. Op alle Fall wier een drop preparéiert, datt Lëtzebuerg vun der Licenciement-Well bei Amazon betraff wäert sinn an dowéinst wéilt een d’Leit sou gutt et geet ënnerstëtzen, seet d’Isabelle Scott.
Weder Amazon nach den OGBL nennen iwwerdeems en Datum fir den Optakt vun den Negociatioune fir e Sozialpang.
Enn leschte Mount koum d’Nouvelle, datt de globale Leader am Online-Commerce eng 14.000 Plaze wëll sträichen, dat haaptsächlech am Beräich Administratioun. D’Zil ass et, Käschten ze reduzéieren an auszegläichen, datt an der Pandemie exzessiv rekrutéiert gouf. Weltwäit schaffen iwwer annerhallef Millioune Leit fir Amazon. Et gëtt gefaart, datt nach weider Licenciementer nokommen.
Den Aarbechtsminister huet um Bord vun de Bipartitten iwweregens op d’ugekënnegt Entloossunge bei Amazon reagéiert. Hie géing de Sujet mat an de Regierungsrot e Freideg huelen. Hie wéilt alles dru setzen, datt e Plan de Maintien dans l’Emploi ausgehandelt gëtt a kee Sozialplang mat just Entloossungen.
No all deem, wat Lëtzebuerg fir Amazon gemaach hätt, kéint een a sengen Aen Drock op den US-Online-Händler maachen. De Georges Mischo sot, hie wéilt och kee Modell ewéi an Amerika hunn, wou ee Leit astellt a rëm entléisst.
Mam Premier Luc Frieden, deen d’lescht Woch Amazon-Cheffen an den USA gesinn huet, hätt den Aarbechtsminister nach net geschwat. D’Nouvelle vun RTL, datt bis zu 470 Leit hir Aarbecht bei Amazon zu Lëtzebuerg kéinte verléieren wier “ewéi eng Bomm ageschloen”.
Och den OGBL an den LCGB fuerderen e Plan de maintien dans l’emploi a fuerderen d’Regierung op ze handelen.