

Amnesty International Luxembourg kritt 90% vu senge Fonge vu Privatpersounen, wéi d'Mënscherechtsorganisatioun an engem Communiqué schreift. Dowéinst gouf um Donneschdeg eng nei Campagne lancéiert, fir Donen ze sammelen.
Fir d'Sécherheetsmesure wärend der Kris ze respektéieren, gouf en neit Konzept ausgeschafft. Deemno hunn d'Ekippen, déi vun Dier zu Dier gi fir Donen ze sammelen, en Teppech vun 2 Meter dobäi, fir sécher ze sinn, datt d'Distanz agehale gëtt. Si hunn och eng Mask un an droen alleguer d'Donnéeën an engem Tablett an, fir den direkte Kontakt z'evitéieren. Den zukünftege Spender kann da per SMS ënnerschreiwen.

D'Leit, déi d'Spende sammele ginn, hunn eng Uniform vun Amnesty International un an hunn e Badge, mat deem si kënnen op Demande beweisen, dass si zur Associatioun gehéieren. Done gi just per Iwwerweisung gesammelt, d'Ekippe vun Amnesty froen net fir Boergeld, gëtt weider präziséiert.
Iwwert dës Campagne kéint d'Mënscherechtsorganisatioun d'Awunner iwwert d'Rechter vun de Fraen an iwwert d'Aarbecht vun Amnesty International zu Lëtzebuerg an uechter d'Welt informéieren, wéi et am Schreiwes heescht.