Am Noriichteniwwerbléck dës Woch kucke mir dës Woch op ganz ënnerschiddlech Theemen. Zum Beispill ass jo hei am Land doriwwer diskutéiert ginn, fir Social-Media-Plattforme wéi TikTok oder Instagram ze verbidden - eppes, wat d’Kanner mat Sécherheet interesséiert. Donieft hu mir am Noriichteniwwerbléck e klenge Bonobo-Af, deen zu Frankfurt am Zoo op d’Welt komm ass. Oder och nach d’Kannerjury vum Festival Goldener Spatz. Dat ass zwar keen däitsche Festival, mä et kënnen och Lëtzebuerger Kanner matmaachen an dofir wollte mir eise Spectateuren dat och mat op de Wee ginn.
Am Reportage geet et dës Kéier ëm Dinosaurier. Déi hu jo viru Millioune vu Joren op der Äerd gelieft an nach ëmmer si ganz vill Leit faszinéiert dovunner. Et gi jo zum Beispill nach vill Spillsaache mat Dinoen. An elo ass et esou, dass mir zwar vill iwwert si wëssen, awer nach laang net alles. Zum Beispill hu Fuerscher Fiedere fonnt, déi aus der Dinozäit kommen. A firwat dat esou interessant ass a wat dat fir eng Bedeitung huet, dat erkläre mir an eisem Reportage.
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen