Demokratie an der SchoulAn den nächste Méint sinn eng ganz Partie Wale vun Elterevertrieder

RTL Lëtzebuerg
D'Eltere vu Schüler kruten e Mail en Dënschdeg, wou et ëm d'aktiv Participatioun vun Elteren a Schüler an de Schoule geet.

Deemno kënne sech d’Elteren op verschiddenen Niveauen engagéieren, sief et lokal, sektoriell oder national. An deem Sënn sinn an den nächste Méint eng ganz Partie Wale vun Elterevertrieder.

Den Ufank maachen elo am Hierscht d’Wale vun de lokalen Elterevertrieder, wou Elteren, déi e Kand an der Grondschoul, am Lycée oder an engem Centre de compétences hunn, kënne kandidéieren.

D’gewielte Representanten op lokalem Niveau hunn Ufank vum nächste Joer d’Méiglechkeet, als sektoriell Vertrieder ze kandidéieren.

De Schluss maachen am Februar dann d’Wale vun der nationaler Elterevertriedung.

D’nächst Woch ass iwwerdeem an alle Lycéeën, an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), dem CePAS an der CNEL, déi éischt Woch vun der Demokratie.

Am Kader dovunner ginn och all zwee Joer d’Wale vun de Schülercomitéen an alle Lycéeën ofgehalen, wou ronn 40.000 Schüler hir Stëmm kënnen ofginn.

D’Membere vun dëse Gremie kréien eng spezifesch Formatioun, eng Begleedung an en eegene Budget.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO