
Wéi d'Police um Sonndeg de Mëtteg matgedeelt huet, war d'Feier an der Rue d'Auson an engem eidelen Haus ausgebrach. D'Gebai ass komplett zerstéiert ginn. D'Pompjeeë konnten duerch e séiert Agräifen verhënneren, dass d'Flamen op ugebaute Haiser iwwergräifen. D'Leit an deenen Haiser waren evakuéiert ginn.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire gouf fir eng Enquête op d'Plaz geschéckt.
Eng Persoun gouf e Samschdeg den Owend géint 18.40 Auer um Schorenshaff blesséiert, wéi se mat hirem Motorrad gefall ass. Och zu Wolz war e Motocyclist accidentéiert a gouf blesséiert.
Zwee Blesséierter gouf et bei engem Accident zu Berbuerg. En Automobilist war hei an e Bam gerannt an a sengem Won ageklemmt ginn. Nodeems hie befreit gouf, koum de Mann schro blesséiert an d'Spidol.
E Sonndeg de de Moie kuerz viurn 10 Auer krut een Automobilist ee Potto beim Parking vum Akafszenter Mierscher-Bierg ze paken a gouf verwonnt.