
Géint 6.20 Auer ass um Boulevard Royal an der Uewerstad eng Persoun ugestouss ginn. Nieft dem Stater Samu waren och d’Pompjeeën an eng Ambulanz aus der Stad an den Asaz geruff ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.
Wéi d’Police kuerz viru Mëtteg schreift, wollt den Automobilist an d’Rue des Capucins fueren, ass dobäi ongewollt iwwert d’Busspuer op de Boulevard Royal gefuer an duerno géint d’Fuerrichtung an eng Einban. Dobäi huet en de Foussgänger um Zebrasträifen iwwersinn an krut en ze paken. De Foussgänger gouf schwéier verwonnt an d’Spidol bruecht.
Géint 8.50 Auer sinn tëscht Donkels an dem Pommerlach zwee Autoen aneneegerannt. Och hei huet de Samu mussen an den Asaz, déi Kéier dee vun Ettelbréck. Donieft waren eng Ambulanz an d’Pompjeeë vu Wolz op der Plaz.