ArcelorMittal Stolwierk DéifferdengAn Zukunft bis zu 85 Prozent manner Stëbs

Jeannot Ries
Zanter iwwer 100 Joer schléit de Bols vun der Stad Déifferdeng am Rhythmus vum Stolwierk. Vun der HADIR, iwwer d'Arbed, bis haut ArcelorMittal. A wärend Joerzéngten huet och de rouden Damp, respektiv de schwaarze Stëbs zum Bild vun der Schwéierindustrie gehéiert.
ArcelorMittal Stolwierk Déifferdeng: An Zukunft bis zu 85% manner Stëbs
Zanter iwwer 100 Joer schléit de Bols vun der Stad Déifferdeng am Rhythmus vum Stolwierk.

D’Akzeptanz huet mat der Zäit ofgeholl. De Grupp ArcelorMittal mécht Efforte fir ëmmer méi ëmweltfrëndlech ze produzéieren. Zu Déifferdeng investéiert een, fir de Stëbs am Wierk opzefänken. Eng Tonn den Dag, wann d’Filteranlag bis ganz installéiert ass.

Se sinn imposant, d’Réier, déi 1,2 Millioune Kubikmeter Loft d’Stonn aus dem Wierk erauszéien. Loft, déi dann an enger grousser Anlag gefiltert gëtt. Eng Installatioun, déi zum Deel bis 2013 a Frankräich agesat gouf. Zu Florange, iert do d’Luuchten aus wirtschaftleche Grënn ausgoungen. Iwwer déi lescht zwee Joer gouf d’Installatioun do ausgebaut, an eriwwer op Déifferdeng geplënnert.

De Project Manager bei ArcelorMittal Cleison Webber erkläert, wéi d’Loft gefiltert gëtt:

Il y a plus de 4600 manches. Manches, c’est quoi ? C’est comme des chaussettes qui font 7 mètres de longueur et sur lesquelles les poussières viennent se déposer à l’extérieur. Et périodiquement, en fonction de la taille du process, il y a un nettoyage automatique, ce qu’on appelle le décolmatage, qui va servir à faire tomber les poussières qui restent à l’extérieur des manches, vers le bas des trémies.

Eriwwer an d’Stolwierk. Am Wierk goufen déi verschidde Plazen identifizéiert, wou wärend deene verschiddene Produktiounsphasen am meeschte Stëbs entsteet. Wei do, wou déi grouss Behälter, déi aus dem Stol-Uewen erauskommen, vun elo un an enger iwwerdimensionéierter Këscht gebotzt ginn.

Ces opérations se font en général avec des lances d’oxygène et génèrent une grande quantité de poussière, pendant un court laps de temps mais de manière assez intense. Le but du projet était donc d’essayer de confiner au maximum cet espace et de le mettre sous dépression. On aspire l’air dans ce box et on capte ainsi l’ensemble des poussières qui sont émises lors de cette opération, esou d’Erklärung vum Pierre Collin, Steel Plant Production Manager am Wierk vun ArcelorMittal Déifferdeng.

E puer Meter méi wäit, gouf iwwer engem vun den Iewen eng riseg Hott installéiert. An enger weiderer Phas sollen och Damp a Stëbs, déi um Ament wou déi Tonne schwéier Träger gewalzt entstinn, un d’Anlag ugeschloss ginn.

“Et ass e Projet vun 23 Milliounen Euro, deen als Zil huet, 85 Prozent vun dem gesamte Stëbs, deen hei um Site vun Déifferdeng produzéiert gëtt, ze captéieren, also ofzesaugen”, sou de Pierre Jacobs, CEO vun ArcelorMittal Long Products, Lëtzebuerg.

Manner Emissiounen. En Investissement, mat deem Belaaschtung där d’Aarbechter am Wierk ausgesat sinn, däitlech erofgeet. A wat och d’Liewensqualitéit vun den direkten Nopere vum Stolwierk verbessere soll. De Lëtzebuerger Stat huet hei 6 Millioune bäigeluecht. Fir eng Installatioun, déi an Europa nach net d’Norm ass.

Back to Top
CIM LOGO