PlanungshandbuchÄntwerten op d’Fro, wéi eng Gemeng wuesse kann

Diana Hoffmann
Planungshandbuch! Wat sperreg kléngt, soll an Zukunft awer besonnesch de Gemengen d’Aarbecht beim Plange vun hire PAGen a PAPe vereinfachen.
© Archiv

Planungshandbuch / Reportage Diana Hoffmann

Um Projet vun esou engem virtuelle Planungshandbuch gëtt schonn zanter enger längerer Zäit geschafft. Et ass zesumme mat den Nordstadgemengen entwéckelt ginn, wéi de Landesplanungsminster Claude Turmes präziséiert. Interessant wier dëst, well d‘Nordstad sech aus méi klenge ländlech Gemengen, awer och aus méi stättesch Gemenge wéi Dikrech oder Ettelbréck zesummesëtzt. Beim Plange vun hirer Entwécklung soll mat deem neie Guide all deenen diverse Gemengen eng konkret Hëllefsstellung gebuede ginn. “De Promoteur kënnt an huet eng Iddi. D’Gemengentechniker hunn dann hei schonn e ganz detailléierte Katalog, wéi eng Froe se dem Promoteur kënne stellen, fir datt mer am Endeffekt héich qualitativ nei Wunnengen oder nei Deeler vun den Uertschafte kréien”, betount de Claude Turmes. Besonnesch déi kleng a mëttelgrouss Gemenge mat manner Leit, déi am Service fir den Developpement vun hirer Gemeng schaffen, kënne vun sou engem Referenzwierk profitéieren. Sou zum Beispill d’Gemeng Bettenduerf, wou d’Pascale Hansen Buergermeeschtesch ass. D’Planungshandbuch géing de Gemengepolitiker, mä awer och den technesche Servicer hëllefen, wierklech déi richteg Jalonen a puncto Urbanismus ze setzen, seet si.

Wéi d’Inneministesch Taina Bofferding präziséiert, ginn eng ganz Rëtsch vun Themen am Handbuch ugeschwat. Sou géing et ëm déi grouss Fro, wéi mer an Zukunft wëllen zesumme wunnen, liewen a schaffen, seet si. De PAG wier dat grousst Entwécklungsinstrument, dat d’Gemengen hunn. An d’Planungsinstrument dat wier elo en zousätzlechen Tool, deen d’Gemengen hätten, wa se nei Quartiere plangen. Sou kéint dann dono eng héichwäerteg Liewensqualitéit an de Quartiere garantéiert ginn.

Beim Ausschaffe vum Handbuch gouf och moderne Konzepter berécksiichtegt. Ënnerscheeder vu virun 10 Joer wäre virun allem an der Mobilitéit, an an den ökologesche Materialie festzestellen, seet de Claude Turmes. Awer och an der Iwwerleeung, wéi e Quartier muss ausgesinn, fir datt en flott ass.

Wann d’Gemenge lo hiren Entwécklungsplang ausschaffen, kënne se sech dann och u ganz spezifesche Projeten orientéieren.

Ma d‘Handbuch existéiert awer nëmmen an digitaler Form. Sou kann et ëmmer weider ausgebaut ginn. “Mir wäerten et dann och ëmmer erëm mat neie Projete fidderen, sou dass d’Gemengen, grad déi villäicht elo net souvill Personal hunn, wat sech exklusiv ëm d’Stadentwécklung këmmert, sech kënnen orientéieren”, seet d’Taina Bofferding.

Dat neit Planungshandbuch ass um Internetsite vum Département de l’aménagement du territoire, deem vun der Nordstad, vum Ministère de l’Intérieur an deem vun der Cellule de facilitation urbanisme et environnement du Ministère de la Digitalisation ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO