PartenariatArcelor Mittal ënnerschreift Accord mat Stol-Acteur Ilva

Pit Everling
Wéinst dem Kaf vun ILVA hat d'EU-Kommissioun vun ArcelorMittal verlaangt, fir eng Rei Wierker ofzestoussen, ënnert deene war de Site Diddeleng.
© RTL

Arcelor Mittal huet mat Kommissäre vum italienesche Stol-Acteur Ilva en Accord ënnerschriwwen.

D'Weiche gi gestallt fir e Partenariat tëscht ArcelorMittal an der italienescher Regierung.

Entitéiten déi vum italienesche Staat finanzéiert gi solle bis den November grouss Investissementer maachen. En neien Industrie-Plang fir Ilva gouf ausgeschafft.

Am Hierscht war et Sträit gi wéinst den Ilva-Installatiounen a Süditalien. Arcelor Mittal wollt sech aus dem geplangten Deal zeréck zéien, well et net genuch legal Ofsécherunge géing ginn.

Déi italienesch Regierung hat dem Lëtzebuerger Stolris deemools reprochéiert, just Plaze wëllen ofzebauen.

Wéinst dem Kaf vun ILVA hat d'EU-Kommissioun vun ArcelorMittal verlaangt, fir eng Rei Wierker ofzestoussen, ënnert deene war de Site Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO