Mouvement Ecologique"Äre Gaart a Balcon, a voller Bléi fir eis Beien a Päiperleken"
Beien a Päiperleken hunn och hir Virléiften. De MouvEco stellt all Mount zwou Blumme vir, déi ee planze kann, fir den Insekte méi Liewensraum ze bidden.
Verëffentlecht: 18.06.20 16:45, Update: 18.06.20 17:16
Dëst am Kader vun der Campagne "Äre Gaart a Balcon, a voller Bléi fir eis Beien a Päiperleken". Se soll op de Liewensraumverloscht vun den Insekten opmierksam maachen an de Leit hëllefen, wéi jiddereen a sengem Gaart oder um Balcon eppes géint den Biodiversitéitsverloscht maache kann.
Am Juni hunn d'Insekten dës Planze besonnesch gär:
- déi blo Kazementhe (an der Sonn)
- de giele "Lerchensporn" (am Hallefschied)
Am Juli wuessen dës Stauden:
- de bluttroude "Storchschnabel" (an der Sonn)
- d'nesselbliedreg Klackeblumm (am Hallefschied)
Hei fannt Dir d'Detailer vun de Planzen.