An der PolitikASTI bedauert, datt "Hate speech" nach ëmmer net méi sanktionéiert gëtt

RTL Lëtzebuerg
Den "discours de haine" hätt an der Lëtzebuerger Politik keng Plaz, heescht et vun der ASTI.

D’Associatioun, déi Immigranten ënnerstëtzt, beliicht an engem Communiqué eegen Experienzen, notamment de Litige mam ADR-Deputéierte Fred Keup, wou et ëm Commentairen am Netz goung.

Genee virun engem Joer gouf et an der Chamber en Debat zum Sujet. Do wier vun de meeschten de Constat gemaach ginn, datt d’Diffusioun vu sou Messagen inkompatibel mat engem Deputéiertemandat ass.

Trotz Resolutiounen a Motiounen, datt den Deontologie-Kodex misst adaptéiert ginn, schéngt d’Saach e Joer méi spéit politesch klasséiert ze sinn, bedauert d’ASTI.

D’Justiz gëtt iwwerdeems invitéiert, iwwer hir “Politique de poursuite” am genannte Beräich nozedenken.

Back to Top
CIM LOGO