Zesummeliewe stäerkenAsti fuerdert konkret Mesuren

RTL Lëtzebuerg
Immigranten a Frontaliere mussen als konstruktiivt Element vun eisem Land gesi ginn a Politiker musse proaktiv a koherent agéieren.

D’Association de Soutien aux Travailleurs Immigré huet an hirer Assemblé générale de 16. Juni betount, datt d'Corona-Pandemie sécherlech fir jidderee Konsequenze wäert hunn, een allerdéngs net vergiessen dierf, datt déi Leit, déi scho virun der Kris an enger prekärer Situatioun waren, wuel am meeschte vun de Konsequenze betraff wäerte sinn. Et wier deemno elo wichteg eng richteg sozial Kohesioun ze kréien, déi am Interêt vum ganze Land ass, also vun de Lëtzebuerger, den auslännesche Residenten an de Frontalieren.

D'Asti warnt virun Discoursen, déi géint Auslänner oder Frontaliere geriicht sinn, an dat souwuel vu politesche Responsabelen, de Medien an aneren ëffentlechen Acteuren. D'Banalisatioun vum sougenannten Hate Speech, mat där verschiddener géife spillen, géif d'sozial Kohesioun zerstéieren.

D'Asti rappelléiert och, datt si als Associatioun oppe sinn, fir zesumme mat der Politik, awer och ënnert anerem den Acteuren aus der Ekonomie, der Kultur oder dem soziale Beräich un enger Politik ze schaffen déi d'sozial Kohesioun stäerkt.

Donieft widderhëlt d'Asti och, datt si dofir plädéieren, datt e sougenannten Observatoire vu rassisteschen a xenophobe Phenomener en Place gesat gëtt.

Wat den Droit de vote betrëfft, bleift d'Asti der Meenung, datt d'Walrecht en Funktioun vun der Residence an net der Nationalitéit misst gëllen. Et wier soss net méiglech aus dem aktuellen demokrateschen Defizit eraus ze kommen.

Am Beräich vun der Educatioun da wier et immens wichteg, datt et erëm zu enger Chancëgläichheet am System kënnt. Et wier virun allem elo, no der Zäit an där d'Kanner vun doheem aus geléiert hu wichteg, datt e Fokus op déi Kanner gesat gëtt, déi schoulesch Schwieregkeeten hu wéinst hiren Originnen, hirem soziale Milieu oder awer eng aner Vulnerabilitéit.

PDF: Politesch Resolutiounen ASTI

Back to Top
CIM LOGO