No Méint vun NegociatiounenAuchan Drive Luxembourg an LCGB ënnerschreiwe Kollektivvertrag

RTL Lëtzebuerg
Dës éischt Konventioun leeft vum 1. September un a fir 3 Joer. Wéi Auchan matdeelt, hätt ee konstruktiv Gespréicher mat der Gewerkschaft gefouert.
© Auchan

Ënner anerem kréien d’Mataarbechter elo eng Majoratioun vu 70 Prozent, wa si sonndes musse schaffen. Fir Personal, wat iwwer 5 Joer do ass, gëtt et ee supplementäre Congésdag. Nieft diverse Primme kënnen d’Mataarbechter vun elo un dann och vun enger Ristourne vun 10 Prozent profitéiere bei allem, wat si am Betrib kafen.

PDF: D'Schreiwes vun Auchan Drive mat all den Detailer.

Back to Top
CIM LOGO