Luc Frieden vun der CSV"Aus dëser Koalitioun ass d’Loft eraus"

Frank Goetz
6 Méint virun de Chamberwale fille mer de Bols bei de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn. En Dënschdeg am Interview de Luc Frieden.
Luc Frieden vun der CSV am RTL-Interview
6 Méint virun de Chamberwale fille mer de Bols bei de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn. En Dënschdeg am Interview de Luc Frieden.

De Spëtzekandidat vun der CSV sot am RTL-Interview et wier vu Virdeel, 10 Joer keng Politik gemaach ze hunn. Déi 10 Joer, wou hien net an der politescher Bull war, hätt hie vill Erfarung kënne sammelen.

CSV zréck an d’Regierung féieren

Et wier an der Natur vum Spëtzekandidat, fir Premier wëllen ze ginn, ma dat éischt Zil wier et, d’CSV nees an d’Regierung ze feieren, esou de Luc Frieden. Grad a Krisenzäite misst eng Regierung an eng Richtung zéien, dat wier aktuell net méi de Fall, den Ament géing eng Partei déi aner blockéieren, esou den CSV-Politiker.

Keng Koalitioun mat ADR oder Déi Lénk

“D’CSV ass eng grouss Vollekspartei vun der Mëtt, et ass eng ganz proeuropäesch Partei, an dofir gesinn ech et als net méiglech mat den Extremer vu riets a vu lenks, mat ADR an Déi Lénk, eng Koalitioun ze maachen”, esou de Spëtzekandidat vun der CSV. De Walowend sollen déi gewielte Parteien all zesumme schwätzen, an et sollen um Ënn déi zesumme kommen, déi vum Inhalt hir an déi nämmlecht Richtung zeien.

CSV: Mam Luc Frieden aus der Kris?

Et ass déi Partei mat de meeschte Sëtz an der Chamber, nawell sëtzt d’CSV elo am 10. Joer op der Oppositiounsbänk. Dat soll sech no de Walen am Hierscht änneren.

Deen Usproch huet hiren neie Spëtzekandidat Luc Frieden um CSV-Nationalkongress däitlech gemaach.

CSV: Mam Luc Frieden aus der Kris?
Se ass déi Partei mat de meeschte Sëtz an der Chamber, nawell sëtzt d’CSV elo am 10te Joer an der Oppositioun, dat soll sech no de Walen am Hierscht änneren.

Back to Top
CIM LOGO