Gliesendier ageschloen, Still a Béierfläsche geflunnAusernanersetzung tëscht e puer Männer virun engem Café zu Esch

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend gouf et eng Ausernanersetzung virun engem Café zu Esch. Eng Rei alkoholiséiert Männer hate sech an d'Hoer kritt.
© RTL-Archiv

Wéi d'Police mellt, huet ee Mann d'Gliesendier vun engem Appartementshaus niewendru mat engem Feierläscher ageschloen. Een Aneren huet mat Still a mat Béierfläschen ëm sech geworf.

Si koumen an de Passagearrest an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO