
Den Auto ass aus Direktioun Stengefort an enger Kéier vun der Strooss ofkomm, krut do fir d'éischt de Rampli ze paken an ass ofgehuewen. De Won ass am Virgaart vun engem Eefamilljenhaus um Daach leie bliwwen.
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. Weider Detailer sinn net gewosst.

Wéi d'Police mellt, gouf hinnen en Donneschdeg um 23 Auer e flüchtege Chauffer gemellt. De Mann hat e geparkten Auto ze pake kritt an ass fortgefuer. Kuerz no Mëtternuecht gouf de Won op engem Parking zu Miedernach erëmfonnt. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.
E Freideg de Moie géint 8.50 Auer gouf et tëscht Garnech an Holzem en Accident, bei deem 1 Persoun verwonnt gouf. En Auto war hei op der Kopp gelant. D'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng war op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Koler.