
E Chauffer krut op där Streck e Bam mat sengem Won ze paken a gouf blesséiert. Weider Detailer sinn nach net gewosst.
Weider geet aus dem 112-Bulletin ervir, dass kuerz no 21 Auer zu Biwer e Gasgrill a Flame stoung an tëscht dem Heischtergronn an Eschduerf hunn d’Pneue vun engem Camion gebrannt. A béide Fäll blouf et beim Materialschued.
Géint 7.40 Auer e Samschdeg de Moien gouf et ee Blesséierten zu Wolz. An der Avenue de la Gare krute sech 2 Autoen ze paken.