OllemAuto no Kollisioun mat Luuchtepotto a Virgäertche stoe bliwwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien hat e Chauffer um CR103 d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an e Bam an an e Luuchtepotto gerannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Duerch den Opprall gouf d’Gefier bis an e Virgäertche vun engem Wunnhaus geschleidert a koum do un d’Halen.

Wéi de CGDIS mellt, gouf de Chauffer beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren Ambulanze vu Mamer, de Samu aus der Stad a Pompjeeë vu Kielen a Mamer.

RTL-Informatiounen no soll de Chauffer e Malaise gemaach hunn an ass nom Accident an d’Spidol komm.

Back to Top
CIM LOGO