SimmerAuto no Kollisioun op der Kopp gelant

RTL Lëtzebuerg
Géint 11.30 Auer koum et an der Sortie vu Simmer an Direktioun Habscht zu engem Accident tëscht 2 Autoen.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police mellt, ass d'Mierscherstrooss komplett fir den Trafic gespaart. Éischten Informatiounen no gouf eng Persoun méi uerg blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d'Spidol.

Weider Accidenter um Mëttwoch

Zu Beetebuerg an der Route de Mondorf koum et e Mëttwoch géint 10.47 Auer zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto. Blesséiert gouf awer keen.

An der Stad Um Boulevard Joseph 2 kruten e Motorrad an en Auto sech ze paken. 1 Persoun gouf hei verwonnt.

Kuerz viru 15 Auer huet et zu Proz geknuppt. Hei waren 2 Gefierer am Coup, 1 Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO