AccidentAuto op der A1 a Richtung Lëtzebuerg ofgebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi den ACL ëm kuerz no 13.20 Auer gemellt huet, hat een Auto op der A1 a Richtung Lëtzebuerg Feier gefaangen.
© Domingos Oliveira / RTL

Betraff war d’Streck tëscht Fluessweiler a Mënsbech. Déi riets Spuer war fir den Trafic gespaart, hannert dem Accident huet et sech zäitweis iwwert ronn dräi Kilometer gestaut. Géint 15.30 Auer koum vum ACL d’Annonce, den Accident wier geraumt an d’Autobunn nees komplett op. D’Secouristen vu Fluessweiler, Mensder an Nidderaanwen waren op der Plaz. Blesséiert gouf beim Accident keen.

Op der Route d’Esch an der Stad gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss a gouf dobäi liicht blesséiert. Eng Ambulanz an den CIS aus der Stad waren op der Plaz. Zu Nidderkäerjeng an der rue des Prés stounge géint 14 Auer ausserdeem zwee Behälter op engem Chantier a Brand. Och hei gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO