
Géint 19.19 Auer um Donneschdeg hat en Auto op der Kockelscheier gebrannt. D’Pompjeeën aus der Stad hunn d’Feier geläscht.
Um CR234B beim Rond-point Sandweiler gouf kuerz virun 21 Auer eng Persoun bei engem Accident blesséiert. Am Asaz waren d’Pompjeeën an de Rettungsdéngscht aus der Stad.
Zu Téiteng war dann e Gefier géint 3.30 Auer an der Nuecht an der Haaptstrooss accidentéiert. D’Pompjeeë vu Keel an de Rettungsdéngscht vun Diddeleng waren op der Plaz.
E Freideg de Moie koum et géint 5 op 7 op der A13 am Tunnel tëscht Aessen an Éilereng zu engem Accident tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a vun de Rettungsdéngschter Suessem/Déifferdeng an Esch versuergt.
Zu Reiden gouf géint 10.30 Auer e Freideg eng Persoun vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Reiden.