
Kuerz no 17 Auer huet sech um RN12 tëscht Koplescht an Dondel en Auto iwwerschloen. Den Asazzenter vu Koplescht an d'Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz no 18 Auer ass zu Dummeldeng op der Route d'Echternach en Auto an e Moto gerannt, och hei gouf et e Blesséierten. Den Asazzenter an d'Pompjeeën aus der Stad sinn op d'Plaz geruff ginn.
Um 23.19 Auer huet iwwerdeems zu Diddeleng an der rue de la Libération en Daach gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.
Zu Mamer op der Areler Strooss sinn e Freideg de Moie kuerz virun 10 Auer zwéin Autoe kollidéiert. Zwee Leit goufe liicht verwonnt.
Zu Esch an der Kanalstrooss ass géint 10.30 Auer e Motocyclist gefall a gouf liicht verwonnt.