CGDISAuto op der Kopp tëscht Veianen a Bettel, 1 Persoun schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg géint 17 Auer koum et tëscht Veianen a Bettel zu engem Accident, bei deem een Auto sech iwwerschloen huet.
© CGDIS

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D’Police huet an hirem Bulletin bestätegt, dass eng Persoun schwéier blesséiert gouf. D’Streck huet bis kuerz virun 19 Auer musse gespaart ginn.

Den Ettelbrécker Samu war op der Plaz, d’Pompjeeën Nordstad a Veianen, grad ewéi de Rettungshelikopter.

E Méindeg géint 15.50 Auer gouf et zu Bierchem an der Rue de Bettembourg eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, hei gouf eng Persoun blesséiert. Kuerz no 16 Auer waren um CR361 tëscht dem Heischtergronn a Géisdref e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO