Tëscht Kautebaach a KonstemAutomobilist huet sech mat sengem Won iwwerschloen a gouf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.20 Auer en Dënschdeg koum et um CR366 tëscht Kautebaach a Konstem zu engem Accident.
© Police

En Automobilist hat hei d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, war an der Gruef geroden an hat sech an der Suite mat sengem Won iwwerschloen a war op der Kopp leie bliwwen.

De Chauffer, deen eleng am Auto souz, gouf ageklemmt an huet vun de Rettungsekippe misse gebuerge ginn. Hie gouf blesséiert a koum an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO