ParquetBal 46 Kilo Cannabis um Findel saiséiert

RTL Lëtzebuerg
De Parquet huet matgedeelt, datt den 8. Abrëll am Cargo Center vum Luxembourg Airport Findel eng grouss Quantitéit Cannabis entdeckt gouf.
© Parquet

D’Beamte vun der Douane haten eng verdächteg Liwwerung bei enger Kontroll vun den Dokumenter erausgepickt. Et huet sech ëm eng Liwwerung mat Fieder-Matrasse gehandelt, déi vu Los Angeles koum an a Richtung Däitschland ënnerwee war.

An zwou vun de sechs Matrasse goufe Päck mat Cannabis fonnt. Insgesamt goufen 45,86 Kilo Cannabis saiséiert.

Déi däitsch Autoritéite goufen informéiert an d’Enquête leeft weider.

Back to Top
CIM LOGO