Elo am ReplayPresentatioun vum neie Mesurëpak vun de Ministere Frieden, Roth, Meisch an Hahn

RTL Lëtzebuerg
"Mateneen. Fir all Famill. Fir all Kand." Esou ass den neie Mesurëpak iwwerschriwwen, deen en Dënschdeg um 10.30 Auer presentéiert gëtt.

D’Regierung presentéiert en Dënschdeg en neie Mesurëpak, deen den Numm “Mateneen. Fir all Famill. Fir all Kand.” dréit. An dëse Mesuren abegraff sinn d’Aféiere vun enger eenheetlecher Steierklass, enger Reform vum Chèque-service d’accueil an Adaptatiounen um Niveau vum Kannergeld.

D’Haaptelementer ware scho bekannt: déi eenzeg Steierklass géing sech un der aktueller Klass 1A orientéieren, also déi fir Monoparentaux, gescheete Leit a Wittleit. Logescherweis géing et virun allem Entlaaschtunge fir d’Jonggesellen an der Klass 1 ginn, mee och verschidde bestuete Koppelen an der Klass 2. Koppelen, bei deenen ee Partner iwwer 75 Prozent vum Revenu verdéngt, kéime par konter méi schlecht ewech an dowéinst soll et eng Transitiounsphas ginn.

De Finanzminister Gilles Roth hat d’Parteien an der Chamber scho virun der Summervakanz d’Reform esou ewéi hie se proposéiert an hire graffen Zich gewisen. D’ADR huet du scho kritiséiert, datt et eng Reform géint déi traditionell Famill wier. Déi aner Oppositiounsparteien hunn d’Reform gréisstendeels begréisst. Allerdéngs misst an hiren Aen de Kanner méi Rechnung gedroe ginn an et misst een aner Steiere virgesinn, fir d’Entlaaschtunge géingenzefinanzéieren, respektiv fir méi Steiergerechtegkeet ze suergen.
Vun 2028 u soll déi Classe d’impôt unique, wéi se am Projet de loi heescht, da spillen.

D’Presentatioun, un där de Premierminister Luc Frieden, de Finanzminister Gilles Roth, den Educatiounsminister Claude Meisch an de Familljeminister Max Hahn deelhuelen, war fir en Dënschdeg de Moien um 10.30 Auer ugesat.

Back to Top
CIM LOGO