
De Bankesecteur ass prett fir de Fall vun enger zweeter Covid-Well. Ënnert anerem dat geet aus enger Ëmfro vun der ABBL an der KPMG ervir. 43 Finanzinstituter kruten eng 30 Froen am Zesummenhang mat der Pandemie gestallt.
Weider Erkenntnisser sinn, datt bal zwee Drëttel vun de Banken d’Entwécklung vun IT-Léisungen acceleréiert hunn. Donieft hätt bal e Véierel vun de befrote Banke wëlles hir Bürosfläche an Zukunft ze reduzéieren. Et gëtt jo manner Surface gebraucht wa Mataarbechter vun doheem schaffen.
D’Majoritéit vun de Banke géing elo schonn e gewëssen Niveau un Teletravail bäibehalen. Allerdéngs seet méi wéi een Drëttel vun de Banken se hätten méi Cyberattacke festgestallt.
