Et war ee sech erstaunlech eens e Méindeg de Moien, wéi eng 20 Vertrieder vun deene verschiddene Bauerevereenegunge mat dem Premier Xavier Bettel an de Ministere Schneider, Dieschbourg an Turmes zesummekomm sinn, fir iwwert de Klimaplang ze schwätzen. D'Ziler wieren déi selwecht an de Secteur wier och wëlles, säin Deel zum Klimaschutz bäizedroen. E Secteur, deen en Vue vun den Erausfuerderungen an der Zukunft zesummegeréckelt ass, wéi de President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder erkläert.
Elo géifen déi Mesuren, op déi ee sech gëeenegt huet, weider ausgeschafft ginn. Aktuell leeft och nach d'Konsultatiounsperiod fir de Klimaplang. Ass déi ofgeschloss, kann de finale Plang zu Bréissel deposéiert ginn. Dat da wuel op d'mannst en halleft Joer, nodeems d'Deadline dofir ofgelaf ass.