
Vun den 102 kontrolléierten Automobilisten, haten der 3 ze vill Alkohol intus. Ee vun hinnen huet de Führerschäin mussen ofginn.
En Donneschdeg de Moie fréi géint 4.30 Auer ass enger Policepatrull en Automobilist an der Hollerecher Strooss an der Stad duerch seng Fuerweis opgefall. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.