Covid-GesetzBei 14 Kontrollen huet d'Police mussen e Protokoll schreiwen

RTL Lëtzebuerg
Am Duerchschnëtt huet d'Lëtzebuerger Police d'lescht Woch eng 15 Kontrollen den Dag gemaach, fir ze kucken, ob d'Leit sech un d'Covid-Reegelen halen.

Am Ganze goufen eng 14 Verwarnungen, respektiv Protokoller geschriwwen, well sech Persounen oder Bistroen net un d'Hygiènesmesurë gehalen hunn.

An 3 Fäll goufen d'Police-Rapporten och un déi zoustänneg Autoritéite virugeleet, well sech Restauranten oder Caféen net un d'Hygiènesmesuren oder un d'Fermetureszäit gehalen hunn. D'Police präziséiert dann nach weider, dass et an engem vun deenen 3 Fäll esou war, dass e Rapport gemaach gouf, well sech de 5. September an engem Bistro um Kierchbierg eng gréisser Zuel vu Clienten net un d'Distanze gehalen hunn, an ouni Mond- an Nueseschutz op enkstem Raum gedanzt hunn oder sech duerch d'Mënschemass beweegt hätten.

Back to Top
CIM LOGO