PoliceBei 2 Iwwerfäll an der Stad goufe Wäertgéigestänn geklaut

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg goufe Persoune quasi op oppener Strooss beklaut. D'Police ermëttelt.
© RTL Archiv

Um Terrain vun enger Tankstell an der Lonkescher Strooss an der Stad gouf enger Persoun um kuerz viru Mëtteg eng Auer geklaut. 3 jonk Männer hunn hie kuerz festgehalen a seng Auer vum Handgelenk gerappt. D'Täter konnte flüchten, d'Affer gouf liicht um Handgelenk blesséiert.

An der Rue Joseph Junck koum et dann en Dënschdeg am Nomëtteg zu engem weidere Virfall, bei deem 2 onbekannte Männer engem Client, deen op der Terrasse vun engem Café souz, d'Kette vum Hals gerappt hunn an du fortgelaf sinn. Och hei konnten d'Täter net méi ermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO